KlimawandelHonnerte Fliedermais a Fluchhënn an Australien erhéngert

RTL Lëtzebuerg
Am Oste vun Australien sinn honnerte Fliedermais a Fluchhënn un de Suitte vun enger Dréchent gestuerwen.
© AFP

An de Bundesstaate Queensland an New Soth Wales wier d’Zuel vun den doudege Fliedermais an de leschten 2 Wochen däitlech geklommen, wéi d’Schutzorganisatioun “Bats Queensland” en Dënschdeg matgedeelt huet.

Deeler vun der bei Touriste beléifter Gold Coast wier voll mat den doudegen Déieren. Et hätt an der Vergaangenheet schonn esou Massestierwe vu Fliedermais ginn, awer nach ni an esou engem Aussmooss.

Fluchhënn, déi nach lieweg géinge fonnt ginn, wieren därmoossen dënn, dass se mol net méi gesond gefleegt kéinte ginn. Si mussen ageschléifert ginn. Déi, déi no wochelaangem Oppäppelen nees fit sinn, kéinten awer net nees an d’Fräiheet entlooss ginn, well si keng Nahrung méi fannen.

Et muss een dovun ausgoen, dass d’Situatioun nach méi schlëmm gëtt. Duerch de Klimawandel gëtt d’Dréchent verstäerkt a fir Fliedermais a Fluchhënn bleift just nach en aarmséilegt Ëmfeld, sou eng Porte-Parole vu “Bats Queensland”.

E puer Fluchhond-Aarte stinn elo scho virum Ausstierwen. D’Déieren spillen fir d’australesch Ëmwelt eng wesentlech Roll, well si d’Eukalyptusbeem bestäuben. Eukalyptus ass d’Haaptnahrung vu Koalabieren.
Nieft der Dréchent, sinn och Stierm a Bëschbränn Schold um Massestierwen. Bis um Enn vum Joer soll et duerchschnëttlech wéineg reenen, sou dat australescht Amt fir Meteorologie.

Back to Top
CIM LOGO