
Bei Ausernanersetzunge mat der Police goufe véier Beamten an dräi Demonstrante blesséiert. D’Police huet 17 Persoune festgeholl.
An der Belsch sinn wéinst der aktueller Pandemie ëffentlech Versammlunge vu méi wéi 4 Persoune verbueden.
D’Police huet do iwwer 150 Persoune festgeholl. D’Demonstranten hate sech net un d’Corona-Reegele gehalen oder hunn d’Beamten ugegraff. Am aktuellen Deel-Lockdown sollen d’Bierger hiert doheem nëmmen mat engem valabele Grond verloossen - fir ze schaffen, anzekafen oder eng vulnerabel Persoun ze fleegen. Eng Demonstratioun ass net erlaabt.