Mee den Internationale Comité vum Roude Kräiz ass an enger Course géint d’Zäit, fir d’Communautéiten an deene vulnerabelste Länner a Regiounen esou wäit wéi méiglech drop virzebereeden. D’Organisatioun steet mam Coronavirus viru neien an alen Erausfuerderungen.
An der Wirtschaftsmetropol Abidjan an der Côte d’Ivoire muss d’Police mat Tréinegas géint d’Zivilpopulatioun goen. D’Manifestanten aus dem Distrikt Yopougon hate probéiert, mat Vandalismus a Brandstëftung ze verhënneren, dass an hirem Quartier en Testzenter fir de Coronavirus opgebaut géif. D’Vertraue vun der Populatioun an d’Autoritéiten ass hauchdënn an Afrika. A elo ass d’Côte d’Ivoire nach wäit ewech vun engem vun de Problemlänner vum Kontinent.
D’Crystal Ashley Wells– vum ICRC an Nairobi, Kenya
A Plaze wéi zum Beispill Somalia. Joerzéngte gouf et nëmme Krich a just 15% vun de Leit an de ländleche Géigenden hunn Zougank zu Gesondheetsversuergung an héchstens 25% an de Stied.
Déi bescht Gesondheetssystemer op der Welt komme bei der Konfrontatioun mat enger Pandemie wéi COVID-19 an d’Strauchelen. Et ass sech kaum virzestellen, wéi e System, dee vu Joerzéngte vun arméierter Gewalt, zerstéiert ass, mat esou enger Situatioun kéint ëmgoen.
En anert Land, un dat mer denken, ass Burkina Faso. Et gëtt vill Gewalt an een ëmmer méi komplexe Konflikt. Mir hunn immens vill Leit intern op der Flucht: ëm déi 700.000, wéinst der Gewalt. Stellt iech mol de Risk vir mat COVID-19 an engem Vollek op der Flucht.
Deen neien in-Ausdrock “social distancing” ass an engem Flüchtlingslager net méiglech, grad esou wéineg wéi an engem iwwerfëllte Slum an enger Banlieue. Wann de Virus bis do ukënnt, ass alles méiglech. De Nordoste vu Nigeria oder Südsudan gëllen als aner vulnerabel Regioune fir d’Infektioun. Mee wéi scho virdru bei der Zika-Epidemie – ee wichtege Facteur fir den ICRC ass d’Informatioun.
Ech mengen, mir hunn dat zanter Ebola geléiert. Wa Leit net richteg informéiert sinn, entsteet Mësstrauen, ob et déi Krankheet iwwerhaapt gëtt. Dat kann dann zu Leed an Doud féieren, fir d’Awunner an hir Familljen.
Op engem Kontinent, wou fléissend Waasser a Seef Luxusartikele sinn, ass d’Hygiène eng vun den Erausfuerderunge fir dat internationaalt Rout Kräiz. An dann d’Testen, wéi d’Weltgesondheetsorganisatioun et réit, ass wuel déi schwéierst Missioun iwwerhaapt a Géigende vun arméiertem Konflikt.
