Een Dag no déidlechen AttackenHuthi-Miliz gräift op en Neits Fluchhafen zu Riad un

AFP, iwwersat vun RTL
Een Dag no den déidleche Loftattacken op Saudi-Arabien hunn déi pro-iranesch Huthien d'Kinnekräich op en Neits attackéiert.
Einen Tag nach ihren tödlichen Luftangriffen auf Saudi-Arabien haben die pro-iranischen Huthis das Königreich erneut attackiert. Die jemenitische Miliz erklärte am Donnerstag, sie habe den wichtigsten internationalen Flughafen in Riad "erfolgreich" mit einer ballistischen Rakete angegriffen.
D'Huthi-Miliz huet op en Neits Fluchhafen zu Riad ugegraff.
© AFP

Een Dag no den déidleche Loftattacken op Saudi-Arabien hunn déi pro-iranesch Huthien d'Kinnekräich op en Neits attackéiert. Den Huthi-Spriecher Jahja Saree huet en Donneschdeg op X erkläert, datt déi jemenittesch Miliz de wichtegsten internationale Fluchhafe vun der saudi-arabescher Haaptstad Riad "mat Succès" mat enger ballistescher Rakéit ugegraff huet. Deeg virdru ware bei Attacken op e puer international Fluchhäfen a Saudi-Arabien dräi Leit ëmbruecht ginn. D'Militärkoalitioun, déi vu Saudi-Arabien geleet gëtt, huet doropshi Revanche annoncéiert.

D'Rakéit hätt hiert Zil "prezis" getraff an de Fluchhafebetrib "beanträchtegt", esou de Saree. Donieft huet hie viru Flich op Riad gewarnt. "Mir rappeléieren eisen Opruff an eis Warnung un all international Fluchgesellschaften, keng Flich méi duerch de saudi-arabesche Loftraum ze féieren."

Et ass déi drëtt Kéier dës Woch, datt d'Miliz, déi vum Iran ënnerstëtzt gëtt, eng Attack op de Fluchhafe fir sech reklaméiert. Den Dag virdru waren der saudi-arabescher ziviller Loftfaartagence no dräi Leit bei den Attacken op d'Fluchhäfen an der Haaptstad Riad an der Stad Abha ëm d'Liewe komm. 36 weider Leit goufen dobäi blesséiert.

Um Fluchhafe Kinnek Chalid zu Riad ass e Mëttwoch ee Sudanees gestuerwen. Bei den Doudesaffer zu Abha waren et een Ägypter an een Algerier. Déi Blesséiert wiere mat "liichte bis uerge" Blessuren a Spideeler bruecht ginn.

D'Militärkoalitioun, déi vu Saudi-Arabien geleet gëtt, huet d'Huthien direkt fir d'Attack responsabel gemaach an huet Revanche annoncéiert. "Déi brutal Attacke vun der terroristescher Huthi-Miliz op Zivilisten an zivil Infrastrukturen am Kinnekräich", déi sech fir d'lescht géint déi zwee Fluchhäfe geriicht hunn, géingen "net onbestrooft bleiwen".

D'Koalitioun huet matgedeelt, datt si doropshin 82 "legitim militäresch Ziler" ugegraff an zerstéiert hätt. Dorënner waren deemno Strukture vun der Miliz fir ballistesch Rakéiten, Kommando- a Kontrollzenteren a Kommunikatiounssystemer, déi an de Bierger geleeë sinn.

Back to Top
CIM LOGO