JemenHuthi-Rebelle bidde Saudi-Arabien Armistice un

Pierre Jans
Nodeem Riad Attacken op Positioune vun den Huthi geflu ass, wëllen d'Huthi-Rebellen hir Attacken am Konflikt mat Saudi-Arabien stoppen.
© AFP/Archiv/MOHAMMED HUWAIS

Dat huet de Kapp vun hinnen am Jemen, zu al-Maschat, an enger Deklaratioun op der Tëlee matgedeelt.

D’Huthi-Milizen, déi vum Iran ënnerstëtzt ginn, fuerderen, dass d’Blockade vum Fluchhafe Sanaa direkt soll opgeléist ginn. Et dierften och keng Schëffer méi fir an den Hafen Hodeia ofgefaange ginn. Sollt Saudi-Arabien net ophalen, z’attackéieren, dann hätten d’Rebellen d’Recht, ze reagéieren, esou den politeschen Leader vun den Huthi.

Back to Top
CIM LOGO