
De britesche Premier Boris Johnson hat d’lescht Woch decidéiert, dass d’Parlament fir fënnef Woche géif suspendéiert ginn. Konkret geet et ëm eng Plainte vun 78 Parlamentarier, déi géint des Zwangspaus kloen. Si haten an éischter Instanz verluer. An zweeter Instanz krute si dunn awer d’lescht Woch virun engem schotteschen Appellsgeriicht Recht. Déi britesch Regierung ass doropshin direkt a Recours gaangen.
Vun dësem Dënschdeg u beschäftegt sech elo den Ieweschte Geriichtshaff mat dëser Affär. Dem Boris Johnson seng Decisioun, d’Parlament kuerz virum geplangte Brexit, fir fënnef Wochen ze suspendéieren, hat landeswäit fir Protester gesuergt.