No BallotageIlijana Jotowa bleift Presidentin vu Bulgarien

RTL mat AFP
Déi fréier sozialistesch EU-Deputéiert a Russland-frëndlech Politikerin krut 57,5 Prozent vun de Stëmmen.
D'Iliana Iotova huet de Ballotage gewonnen a bleift Presidentin vu Bulgarien.
D'Iliana Iotova huet de Ballotage gewonnen a bleift Presidentin vu Bulgarien.
© NIKOLAY DOYCHINOV/AFP

D'Ilijana Jotowa huet de Ballotage a Bulgarien gewonnen a bleift Presidentin. De pro-westlechen Erausfuerderer Andrej Gjurow aus dem lénks-konservative Lager vun der Oppositioun koum mat 39,4 Prozent vun de Stëmmen op déi zweete Plaz.

D'EU-Kommissiounpresidentin Ursula von der Leyen huet der Jotowa fir d'Victoire gratuléiert, déi sech fir en Dialog mat Moskau a géint Militärhëllefe fir d'Ukrain ausgeschwat huet. Déi 62 Joer al Politikerin ënnerstëtzt d'EU- an d'Nato-Memberschaft vun hirem Land, refuséiert awer d'Hëllef fir d'Ukrain.

Am éischte Walgang hat d' Ilijana Jotowa mat 35 Prozent vun de Stëmme just knapp virum Gjurow geleeën, deen op 32 Prozent komm war. D'Wal hat am Zeeche vun enger Rei Dronenattacken op Handelsschëffer am Schwaarze Mier gestanen. D'Jotowa war kritiséiert ginn, net explizitt Russland dofir responsabel ze maachen.

Mat hirer Victoire ass si déi éischt Fra als gewielte Presidentin. Hiert Amt hat déi fréier Journalistin réischt am Januar ouni Wiel vun hirem Virgänger an aktuelle Premier Rumen Radew iwwerholl. De President huet a Bulgarien virun allem representativ Aufgaben, kann awer säi Veto géint Gesetzer aleeën an ass ieweschte Chef vum Militär.

Back to Top
CIM LOGO