An déi aner RichtungIllegal Awanderer flüchten aus Spuenien a Richtung Afrika

RTL Lëtzebuerg
Marokkaner, déi illegal iwwert d'Mier a Spuenien koumen, flüchten aktuell iwwert de selwechte Wee nees zeréck an Afrika.
© AFP (Archiv)

Wéi déi spuenesch Zeitung El Pais schreift, hätten Enn Mäerz zwee Schlauchbooter Spuenien verlooss a sech a Richtung Marokko op de Wee gemaach. Bis ewell hätten eng 100 Leit, déi aus Marokko a Spuenien agereest wieren, fir do Asyl unzefroen, sech nees zeréck an hir Heemecht gemaach, datt op der Flucht virum Coronavirus. Ronn 5.400 Euro hätten d’Leit fir de Wee bezuelt. Schlepper froe normalerweis fir vun Afrika an Europa ze kommen, tëscht 400 an 1.000 Euro.

Wéi marokkanesch Medie mellen, wier d’Mafia aktuell ganz flexibel a géif Reesen a béid Richtungen ubidden. Grond, fir esou e geféierlecht Manöver op sech ze huelen, wier d’Decisioun vum marokkanesche Staat. Déi hunn e kompletten Areesstopp decidéiert, och eege Staatsbierger kënnen net legal zeréck an d’Land kommen.

Esouguer Pendler, déi all Dag vu Marokko aus an déi spuenesch Exklaven Ceuta a Melilla schaffe gaange sinn, koumen no hirer Aarbecht net méi zeréck iwwert d’Grenz.

Fir déi illegal a Spunien liewend Marokkaner gëtt et dann nach en anere Problem. Si sinn net krankeverséchert an hunn domadder keen Urecht op Behandlungen. Esou misst en Dokter sech fräiwëlleg ëm d’Leit këmmeren, wat awer ëmmer de Fall ass.

Back to Top
CIM LOGO