Corona-PandemieInterpol warnt viru gefälschte Corona-Impfstoffer

RTL Lëtzebuerg
D'Policeorganisatioun Interpol schléit weltwäit wéinst gefälschte Corona-Impfstoffer Alarm.
© AFP (Archiv)

Interpol warnt déi 194 Memberstaaten e Mëttwoch viru “méigleche kriminellen Aktivitéiten” wéi Fälschung, Déifstall an illegale Reklamme fir Covid-19- a Grippenimpfstoffer”. Schonn elo géing Interpol e grousst kriminellt Verhale feststellen, dat och de Verkaf vun angeblechen Impfstoffer iwwert den Internet oder aner Weeër ëmfaasse géif.

“Wärend d’Regierungen d’Verdeelung vun den Impfstoffer preparéieren, plange kriminell Organisatiounen, d’Liwwerketten ze ënnerwanderen oder ze ënnerbriechen”, warnt den däitschen Interpol-Generalsekretär Jürgen Stock am Sëtz vun der Organisatioun am franséische Lyon.

D’Autoritéite missten ënnert anerem mat gefälschten Internetsäite rechnen an och gefälschte Corona-Tester kéinte sech verbreeden, wann international nees méi gereest géing ginn, sou nach de Stock.

Back to Top
CIM LOGO