Zu BerlinIwwer 150.000 Mënschen hunn nees géint Rietsextremismus demonstréiert

RTL Lëtzebuerg
Zéngdausende Mënsche sinn e Samschdeg op en neits zu Berlin op d'Stroosse gaangen, fir géint Riets ze demonstréieren.
© AFP/Adam BERRY

Police schwätzt vu méi wéi 150.000 Mënschen, déi e Samschdeg an der däitscher Haaptstad Berlin zesummekoumen. D’Police war eegenen Aussoen no mat enge 700 Beamten am Asaz.

D’Organisateuren hu souguer vun 300.000 Demonstrante geschwat. Ugemellt waren der am Virfeld just eng 100.000. Hannert der Aktioun géint Haass a fir Toleranz steet eng Associatioun mam Numm “Hand in Hand”, zu där iwwer 1.300 Organisatiounen zielen.

D’Demonstranten hätte Parole geruff, wéi “All zesumme géint de Faschismus” a “Ganz Berlin stoppt d’AfD”, wéi d’Tagesschau mellt. D’Protestaktioun zu Berlin hat och prominent Ënnerstëtzung, dat mat Optrëtt vun der Band Deichkind an der Rapperin Nina Chuba. Obwuel politesch Parteien net zu den Organisateure gehéieren, waren och eng Rei Politiker ënnert den Demonstranten, esou wéi zum Beispill den däitsche Gesondheetsminister Karl Lauterbach (SPD).

Och zu Hannover an Dresden sinn dëse Weekend Dausende Leit op d’Strooss laangen. Zanter gutt dräi Woche ginn et ëmmer rëm Manifestatiounen an Däitschland géint Rietsextremismus an d’AfD. Leschte Sonndeg koumen och zu Tréier eng 10.000 Mënschen zesummen, fir een Zeechen ze setzen.

Hannergrond vun den Demonstratioune si journalistesch Recherchen, aus deenen ervirgaangen ass, dass am November zejoert op engem geheimen Treffen tëscht Rietsextremen, Politiker vun der AFD an Entrepreneuren, driwwer diskutéiert gi war, wéi Persoune mat Migratiounshannergrond aus dem Land kéinte verwise ginn.

Back to Top
CIM LOGO