SchätzungenIwwer 2 Milliounen Déiere bei Bëschbränn a Bolivien gestuerwen

RTL Lëtzebuerg
Betraff wieren net nëmmen Jaguaren, Pumaen, Lamaen an Ozelotten, och vill kleng Déiere sinn de Flamen bei de schroe Bränn a Bolivien zum Affer gefall.
© AFP

Et hätt ee mat Biologe an der Savanneregioun Chiquitania am Oste vum Land geschwat an et wier een op geschaten 2,3 Milliounen Déiere komm, déi an de verschiddene Schutzgebidder gestuerwe sinn. Dat seet d’Professesch Sandra Quiroga vun der Universitéit Santa Cruz.

Lokal Medien hu vill Biller vu verkuelten Déierekadaver an den Iwwerreschter vun de verbrannte Bëscher gewisen, nieft Villercher, déi virun de Flame geflücht sinn. Och iwwer 100 Hektar Urbësch am Tucavaca-Reservat goufe komplett zerstéiert. “E Schued, deen net méi gutt ze maachen ass”, sou d’Quiroga.

Ëmweltaktivisten no sinn duerch d’Bränn a Bolivien zanter August iwwer 4 Milliounen Hektar Terrain mat Bëscher a Wise verbrannt. Si ginn der Regierung zu La Paz d’Schold. Per Gesetz hat d’Regierung d’Ofbrenne vun 20, amplaz vun de soss 5 Hektar Bësch- a Weedefläche fir landwirtschaftlech Besoinen erlaabt. D’Regierung wiert sech géint dëse Virworf, dat dréchent Wieder an déi staark Loft wiere Schold.

Back to Top
CIM LOGO