Ugespaante SituatiounIwwer 20.000 Neiinfektiounen a Frankräich

RTL Lëtzebuerg
A Frankräich huet d'Corona-Pandemie mat 20.339 Neiinfektioune bannent 24 Stonnen een neien Héichpunkt erreecht.

Wéi d’Autoritéite matgedeelt hunn, gouf domadder dee bis ewell héchste Wäert vun 18.746 neie Corona-Fäll vum leschte Mëttwoch iwwerschratt. Et goufen 62 nei Doudesfäll, bei deenen d’Persoune positiv op de Coronavirus getest goufen, gezielt.

D’Corona-Lag a Frankräich ass ganz ugespaant. De Gesondheetsminister Olivier Véran huet gewarnt, datt sech d’Situatioun am Land weider verschlechtere géif. Fir véier nei Stied - Lyon, Lille Grenoble a Saint-Etienne - gouf schonn en Donneschdeg déi héchst Corona-Alerte declenchéiert. Dës gëllt och scho fir Paräis, Marseille a Guadeloupe.

Mat der Astufung gëllen och nei Restriktiounen. D’Baren a gastronomesch Etablissementer, déi keen Iesse verkafen, mussen ënnert anerem fir zwou Wochen hir Dieren zoumaachen.

D’Regierung betount ëmmer nees, dass een nei landeswäit Ausgangsbeschränkungen, wéi et se am Fréijoer gouf, vermeide wëll. Dofir setzt een op regional Moossnamen. Suerge mécht ee sech iwwerdeems ëm d’Situatiounen an de Klinicken zu Paräis. Den Undeel u Covid-19-Patienten op den Intensivstatioune klëmmt nämlech.

Méi fréi am Dag hat de franséische Gesondheetsminister matgedeelt, datt ee wéinst der zweeter Corona-Well 4.000 zousätzlech Better fir Klinicke finanzéiere wäert.

Back to Top
CIM LOGO