Mississippi an North CarolinaIwwer 30 Doudeger wéinst uergen Tornadoen

Maxime Gillen
De Süden vun den USA ass awer och nach mat déidlechen Tornadoen geplot. Méi ewéi 30 Mënschen koume schonn ëm d'Liewen.

Besonnesch d’Staate Mississippi an North Carolina si betraff. D’Stierm hätten deels katastrophal Schied hannerlooss.

Déi zoustänneg Autoritéiten hunn déi Leit, déi hu missen an Noutfallzenteren ënnerkommen, opgeruff Mond an Nues ze bedecken, fir de Risiko ze reduzéieren, dass si sech mam Coronavirus ustiechen.

An der Nuecht op en Dënschdeg gouf virun neien Donnerwieder mat deels zolitte Knëppelsteng gewarnt.

Back to Top
CIM LOGO