
An den USA, e Land mat ronn 330 Milliounen Awunner, ginn et bei wäitem méi bekannten Coronavirus-Infektiounen, wéi a soss engem Land. Dat ass allerdéngs och duerch seng Gréisst ze erklären.
E Freideg war et d’Meldung, dass bannent engem Dag iwwer 2.100 Leit un de Suitte vum Virus gestuerwe sinn.
Déi meeschten Doudesaffer hunn d’USA ze verzeechnen, mat iwwer 18.800. Hannendru komme Spuenien (16.081), Frankräich (13.197) a Groussbritannien (8.958).
Dëst sinn d’Zuele vun e Samschdeg de Moien 8.30 Auer vun der Johns Hopkins Universitéit.