
Insgesamt goufen zanter dem Ufank vun der Pandemie 1.041.075 Infektioune registréiert, bannent engem Dag si weider 42.032 Fäll dobäi komm.
D’Zuel vun Doudegen, déi positiv op de Coronavirus getest goufen, ass ëm 298 op 34.508 geklommen. Den Dag virdru waren et der 162. Och d’Zuel vun de Mënschen, déi mat enger Covid-19- Erkrankung an der Klinick musse behandelt ginn, ass ëm 976 op 15.008 geklommen. Dat ass déi zweethéchsten Hausse zanter Ufank Abrëll. D’Zuel vun den Intensivpatienten ass ëm 122 op 2.441 geklommen.
Frankräich ass dat siwent Land, an deem de Wäert vun enger Millioun bestätegten Infektiounen iwwerschratt gouf - no den USA (antëscht 8,4 Milliounen), Indien (7,8 Milliounen), Brasilien (5,3 Milliounen), Russland (1,5 Milliounen) an Argentinien a Spuenien mat jee knapp iwwert enger Millioun.
