Krich an der UkrainIwwerbléck iwwert déi wichtegst Ereegnisser aus de leschte Stonnen

Petz Bartz
De Krich an der Ukrain ass voll amgaangen. Mat russesche Loftattacken huet den Dag ugefaangen a Buedemtruppe mat Panzer si kuerz drop nogeréckelt.
Krich an der Ukrain
Iwwerbléck iwwert déi wichtegst Ereegnesser aus de leschte Stonnen.

Mëttlerweil attackéiere si strategesch wichteg Positiounen a quasi alleguer de Stied vum Land. D’Ukrain huet de Krichszoustand deklaréiert an d’NATO aktivéiert hir Verdeedungspläng an Osteuropa. Iwwerdeems sinn déi éischt Flüchtlingen un den EU-Grenzen ukomm.

Mat Sireene goufen de Moie fréi d’Awunner an der Haaptstad Kiew an a villen anere Stied am Land viru Bombardementer duerch Loftattacke gewarnt. Zu Moskau hat de Vladimir Putin seng Autorisatioun ginn, fir eng “speziell Militäroperatioun”. Si war méiglecherweis schonn e Méindeg opgeholl ginn, zesumme mat der abstruser politescher Deklaratioun deemools, well Krawatt an Hiem sinn d’selwecht. D’Wierfel vum Plang ware laang gefall: d’Ukrain als eescht Menace fir Russland misst eliminéiert ginn. Zil wier et, den Noper ze demilitariséieren an “Nazi-fräi” ze maachen.

Spéitstens vun do un ass den Theater ad absurdum gefouert. “Wéi kann ech e Nazi sinn?”, freet zu Kiew de jüddesche President Volodymyr Zelenskiy.

Duerno goung alles ganz séier a ganz duercherneen an engem vun de fierchterlechsten Deeg am Liewe vun engem Vollek vu mëttlerweil 44 Millioune Mënschen.

Den Donbass war kloer ni d’Zil vun der Militäraktioun, mä just de Pretext. Stand 15.30 Auer Lokalzäit hate russesch Truppe schonn a ville Regioune vum Land hir Stiwwelen a Panzerketten um Buedem. Och wa virop militäresch a strategesch Ziler vum russesche Militär erausgepickt goufen, sou ass et och ëmmer zivilt Blutt, wat an engem Konflikt fléisst. Moskau ass net bekannt fir Prezisiounsoperatiounen a Residenzquartiere goufe getraff.

Um Buedem hunn d’Ukrainer am ganze Land Bluttspenden organiséiert. Anerer probéieren un hir Suen ze kommen an d’Land ze verloossen. En Exodus huet ugefaangen. Mä de Flughafe vun Kiew ass fir déi zivil Aviatioun zou – vill Leit kommen iwwert de Wee net méi fort. De Loftraum iwwert der Ukrain gehéiert de russesche Kampffliger.

Den diplomatesche Kontakt tëscht Kiew a Moskau ass ofgebrach. Just bei der UNO zu New York an enger Drénglechkeetssëtzung vum UNO-Sécherheetsrot huet den ukraineschen Ambassadeur bei der UNO sengem russeschen Homolog explizéiert, dass et fir Krichsverbriecher kee Feegfeier géif ginn.

Och zu Kharkiv, an der zweetgréisster Stad vun der Ukrain, waren d’Awunner vun en Donneschdeg de Moie fréi un de russesche Loftattacken ausgesat. Si notzen de Metrosreseau vun der Stad mëttlerweil als Bunker-Anlag, wéi d’Englänner zu London 1940/41 am “Blitzkrieg”.

Back to Top
CIM LOGO