
Eleng a Spuenien ass d’Zuel vun de Fäll op 182.816 geklommen. Neisten Zuelen no sinn zanter e Mëttwoch 5.183 confirméiert Corona-Fäll dobäi komm. D’Zuel vun Doudegen ass gläichzäiteg ëm 551 op 19.130 geklommen. Den Dag virdru war dës mat 523 e bësse méi kleng ausgefall.
Mat der Belsch huet an Europa e weidert Land vill nei Doudesfäll ze bekloen. Hei ass d’Zuel bannent engem Dag ëm 417 op 4.857 geklommen. Am Ganze hu sech an eisem Nopeschland offiziellen Zuelen no 34.809 Persoune mam Coronavirus infizéiert.
Vill nei confirméiert Fäll ginn et och a Russland. Hei ass d’Zuel an engem Dag ëm 3.448 geklommen. Hei ginn et am Ganze knapp 28.000 Infizéierter an 232 Persoune sinn um Covid-19 gestuerwen.
