KalifornienIwwerwaachungskamera filmt, wéi Bëschfeier sech ausbreet

Tom Nols
Am Oste vu Kalifornien ass e Bëschfeier ausgebrach. Am Zäitraffer vun enger Kamera ass ze gesinn, wéi d'Feier no an no méi grouss gëtt.
Iwwerwaachungskamera filmt, wéi Bëschfeier sech ausbreet
Am Oste vu Kalifornien ass e Bëschfeier ausgebrach. Am Zäitraffer vun enger Kamera ass ze gesinn, wéi d'Feier no an no méi grouss gëtt.

E Mettwoch de Moie géint 10 Auer Lokalzäit ass op der Grenz tëscht den US-Bundesstaate Kalifornien an Nevada e Bëschfeier ausgebrach. Op de Biller vun enger Iwwerwaachungskamera gesäit een am Zäitraffer, wéi sech am Beräich vun der Uertschaft Floriston d’Flamen no an no ausbreeden.

Am Asaz waren zanterhier ënnert anerem 20 Gefierer vun de Pompjeeën an 2 Helikopteren. Op béide Säite vun der Staatsgrenz ware Warnungen, an zum Deel och Uerdere fir z’evakuéieren, erausgaangen. An der Gemeng Floriston wunne just eng 80 Leit.

Back to Top
CIM LOGO