BayernJeeër stierft bei Juegdaccident

RTL Lëtzebuerg
D'Police vun Nürnberg deelt mat, dass et sech ëm e 55 Joer ale Mann gehandelt huet.
© AFP

De Mann gouf an engem Stéck Bësch bei Hilpoltstein ouni Liewenszeeche mat enger Schossverletzung fonnt. Den Ermëttlunge vun der Police no soll et sech net ëm e Gewaltverbriechen, mee ëm en tragesche Juegdaccident handelen.

Familljememberen haten nom Mann gesicht, nodeems en e Méindeg no engem Juegdausfluch net méi zeréckkomm war.

Back to Top
CIM LOGO