
Experten hate scho d’lescht Woch ausgesot, se géife sech Suerge maachen, dass sech de Coronavirus am Jemen wéinst der katastrophaler humanitärer Lag immens séier verbreede kéint. Déi medezinesch Grondversuergung ass wéinst de jorelaange Kämpf komplett zesummegebrach. Hëllefsorganisatioune fäerten, dass d’Pandemie katastrophal Suitte wäert hunn an de Virus op dat ganzt Land wäert iwwergräifen.
Déi vu Saudi-Arabien ugefouert Militärkoalitioun, déi am Jemen géint d’Huthi-Rebellen kämpft, hat wéinst der Pandemie eesäiteg eng Wafferou vun 2 Wochen annoncéiert, déi zanter en Donneschdeg a Kraaft ass. D’Huthis hunn dës Paus als “politesche Manöver” refuséiert. D’Militärkoalitioun wéilt domat säin Image verbesseren, hir Loftugrëff goufen nämlech net gestoppt.
Viru gutt 2 Wochen haten déi jemenittesch Regierung, d’Huthi-Rebellen a Saudi-Arabien enger Wafferou, zu där den UN-Generalsekretär António Guterres opgeruff hat, zougestëmmt. Kee vun den 3 Partner hat awer konkret Propositioune gemaach, d’Mesure ëmzesetzen, au contraire, de Sträit gouf méi hefteg.
Am Jemen ass schonn zanter 2015 Krich tëscht de vun der Militärkoalitioun ënnerstëtzten Truppe vum President Abd Rabbo Mansur Hadi an den Huthi-Rebellen, hannert deenen den Iran steet. Zéngdausende Mënsche koume wärend deem Konflikt ëm d’Liewen, deen déi Vereenten Natiounen als déi schwéierst humanitär Kris op der Welt bezeechnen.
