
Den designéierten US-President Joe Biden gouf also nach eemol a sengem zukünftegen Amt confirméiert. Am Arizona mat engem Virsprong vun 10,500 Stëmmen an am Wisconsin mat iwwer 20,000 Stëmmen.
Den Trump behaapt sech jo nach ëmmer dorop, ouni Beweiser, dass gefuddelt gi wär bei der Auszielung vun de Stëmmen, ma seng Affekote scheiteren een nom anere viru Geriicht.
Een aneren Nieweneffekt vun dëser Confirmatioun vun de Walresultater ass awer och, dass dem Trump seng Republikaner am Senat, déi jo d’Majoritéit hunn, elo definitiv vun 53 op 52 Stëmme wäerten erofgoen. Ob duerno d’Demokraten oder d’Republikaner d’Majoritéit hunn entscheet sech awer eréischt no engem Ballotage den 5. Januar am US-Bundesstaat Georgia.
