Mayorkas, Kerry, BlinkenJoe Biden huet déi éischt Regierungsmembere virgestallt

RTL Lëtzebuerg
Zu Delaware hunn de nächste President Biden an déi nächst Vize-Presidentin Harris eng Partie Memberen vun der neier US-Administratioun virgestallt.
© RTL-Grafik

Staatssekretär gëtt den Anthony Blinken. Hie wäert vum éischten Dag un asazbereet sinn, esou den Joe Biden. Virun allem d’Bündnis mat Europa gëtt säitens dem Blinken als extrem wichteg ugesinn.

Anthony Blinken
Anthony Blinken
© Mark Makela / GETTY IMAGES NORTH AMERICA / Getty Images via AFP

Secretary of Homeland Security wäert den Alejandro Mayorkas ginn. Hien kritt dës Positioun als Persoun déi als Migrant vu Kuba an d’USA komm ass.

Alejandro Mayorkas
Alejandro Mayorkas
© CHANDAN KHANNA / AFP

D’Avril Haines gëtt dann déi éischte Fra, déi de Poste vun der Directrice vum US-Geheimdéngscht iwwerhëlt. Tëscht 2007-2008 huet si enk mam Joe Biden zesummegeschafft.

Avril Haines
Avril Haines
© CHANDAN KHANNA / AFP

D’Linda Thomas-Greenfield wäert dann d’US-Ambassadrice bei de Vereente Natioune ginn. Ronn 35 Joer laang huet si elo schonn uechtert Welt als US-Diplomatin geschafft.

Linda Thomas-Greenfield
Linda Thomas-Greenfield
© CHANDAN KHANNA / AFP

Den Ex-Ausseminister John Kerry gëtt Klima-Beoptragten an der Biden-Administratioun. Hie wier houfreg, zesumme mam Biden, de Koalitiounspartner an de jonke Leit vun der Klimaschutz-Beweegung zesummenzeschaffen.

John Kerry
John Kerry
© CHANDAN KHANNA / AFP

Back to Top
CIM LOGO