GroussbritannienJohnson plangt nees eng Zwangspaus fir d'Parlament

RTL Lëtzebuerg
De britesche Premier Boris Johnson huet wëlles d'Parlament zu London den nächsten Dënschdeg op en neits an eng sougenannt Zwangspaus ze schécken.

D’Downing Street huet e Mëttwoch den Owend bekannt ginn, dass hien d’Parlament vum 8. Oktober un bis de 14. Oktober, wann d’Queen eng Ried am Kader vum Regierungsprogramm hält, wëll suspendéieren.

Déi fënnef Woche laang Zwangspaus, déi de Boris Johnson am September ordonnéiert hat, war vum Ieweschte Geriicht vum Land als illegal deklaréiert ginn. Wéi et aus dem Büro vum britesche Premier heescht, géif déi geplangte Paus vun enger Woch dofir genotzt ginn, fir all déi néideg logistesch Mesuren fir d’Ried vun der Kinnigin ze treffen. D’Queen presentéiert traditionell de Regierungsprogramm vum Premierminister.

De Boris Johnson huet e Mëttwoch eng nei Propose fir ee Brexit-Accord presentéiert

Deemno soll déi geplangte Backstop-Léisung fir d’Grenz tëscht Nordirland an der Republik Irland ewechfalen. Nordirland soll iwwerdeems mat Groussbritannien an der Zollunioun bleiwen. Kontrolle vun de Wuere mat Irland sollen awer nëmmen dezentral duerchgefouert ginn. De Boris Johnson stellt Bréissel virun d’Wiel tëscht engem Deal op dëser Basis oder engem net gereegelte EU-Austrëtt op den 31. Oktober.

Déi nei Brexit-Pläng vum Boris Johnson sinn zu Bréissel an Dublin op éischter skeptesch Reaktioune gestouss. Den iresche Premier Leo Varadkar huet dem britesche Premier e Mëttwoch den Owend an engem Telefonsgespréich ze verstoe ginn, dass d’Proposen kee valabelen Ersatz fir de Backstop wieren.

D’Europäesch Unioun wëll dogéint iwwert d’Konzept verhandelen, fir ee Chaos-Brexit ze verhënneren.

Interview mam Jean Asselborn / Reaktioun vum Jean-Claude Juncker

Et ass déi éischt seriö Propose vum britesche Premier Boris Johnson. Dat sot den Ausseminister Jean Asselborn en Donneschdeg de Moien an enger éischter Reaktioun, nodeems de Boris Johnsoneng nei Propose fir ee Brexit-Accord presentéiert huet. Den Text wier direkt un d’Kommissioun geschéckt ginn a gëtt elo analyséiert. Schonn en Donneschdeg de Mëtteg kommen déi 27 EU-Ambassadeure mam EU-Chefnegociateur Michel Barnier beieneen. Dono gëtt och d’Europaparlament consultéiert.
Dem Jean Asselborn ass ee positive Punkt aus dem Boris Johnson senger Propose zeréckzebehalen, nämlech dass Groussbritannien d’Wueren déi an Nordirland eraginn, kontrolléieren. Wat méi komplizéiert ass, ass dass d’Zolldeklaratioun net op der Grenz gemaach gëtt, mä trotzdeem an Irland, eng 15-20km an d’Land eran. Dat ass problematesch, well dat bleift eng Grenzkontroll.

De Jean Asselborn iwwert de Brexit

D’EU hätt bis ewell ëmmer däitlech gemaach, dass ee keng Grenz wéilt tëscht Nordirland an der Republik Irland, betount de Jean Asselborn. Besonnesch op dem Punkt misst een elo ofwaarden, wat d’Republik Irland seet. Dem Lëtzebuerger Diplomatiechef no bleift dat een Diskussiounspunkt, an dass an der Propositioun dra steet, dass dat nordirescht Parlament ee Vetorecht huet.
Alles an allem ass de Jean Asselborn positiv gestëmmt, och wann nach villes ze kläre bleift. Senger Meenung no, hätt London sech méi beweegt, wéi een hätt kënnen erwaarden. Ob et duergeet, ass allerdéngs eng ganz aner Fro.

De Jean Asselborn iwwert de Brexit

Den EU Kommissiounschef Jean-Claude Juncker sot no engem Telefonsgespréich mam Boris Johnson, dass a senge Propose positiv Fortschrëtter ze erkenne wieren. Et géifen awer och nach problematesch Aspekter ze kläre bleiwen. Dat géif an den nächsten Deeg nach sou munch Aarbecht bedeiten. Et wéilt een en Deal. Dorunner géif d’EU ronderëm d’Auer schaffen, sou nach de Jean-Claude Juncker.

Back to Top
CIM LOGO