
Och d’Sécherheets- an Hygiènesmesurë wieren dobäi net agehale ginn, heescht et vun der lokaler Police.
Noperen haten d’Beamte géint 3 Auer an der Nuecht geruff. E puer vun de Partygäscht wier an de Bësch niewendru gelaf, wéi d’Police op d’Plaz komm ass. Ma d’Police hätt d’Donnéeë vun eppes méi wéi 70 Jonken opgeholl. Dës wieren ënnert anerem vun Tréier selwer, Konz, Bitburg, ma och vu Lëtzebuerg gewiescht.
Elo gëtt enquêtéiert, ob dës Feier eventuell e kommerziellen Hannergrond hat a wien dofir responsabel ass.
