Franséisch PresidentiellenJournalistin vu Macron a Le Pen als Moderatorin vum Tëlee-Debat refuséiert

RTL Lëtzebuerg
A Frankräich ass den nächste Mëttwoch virum zweeten Tour en Duell tëscht dem Emmanuel Macron a senger Géignerin Marine Le Pen op der Tëlee.

Medieberichter no wollt France 2 d’Journalistin Anne-Sophie Lapix als Moderatorin fir den Debat designéieren. Allerdéngs hunn d’Le Pen an de Macron refuséiert, well d’Anne-Sophie Lapix hinnen ze kritesch wier. Fir d’Le Pen soll se souguer ze “feindlech” hir géigeniwwer sinn.

Lo soll d’Léa Salamé fir France 2 un der Moderatioun deelhuelen. Nieft hir wäert fir TF1 de Gilles Bouelau mat moderéieren.

D’Zeitung Libération schreift: E schéint Beispill vun enger Campagne, wou Kandidaten hir Exigenzen duerchsetzen zum Nodeel vum demokrateschen Debat.

D’Entwécklunge vun de Presidentiellen am Liveticker op RTL 5minutes

Hei d’Resultater

Eng interaktiv Kaart weist Iech, wéi wéi en Departement gewielt huet.

Back to Top
CIM LOGO