Pfizer/BiontechJust hallef sou vill Corona-Impfstoff wéi geplangt ka geliwwert ginn

RTL Lëtzebuerg
Hunn den US-Pharmaris Pfizer an déi däitsch Biontech ze vill versprach? Just nach d'Hallschent vun den Impfdosisse kënne geliwwert ginn.

Amplaz vun de geplangten 100 Milliounen Dosissen, sollen Enn vum Joer weltwäit nëmme 50 Millioune verdeelt ginn. Well pro Impfung 2 Impf-Dosen néideg sinn, wieren dat Impfunge fir 25 Millioune Mënschen.

Manner Vaccin vu Pfizer-Biontech wéi erwaart/vum Dany Rasqué

Grond dofir, wiere Problemer bei der Liwwerketten. Déi auszebauen, géif méi laang dauere wéi virgesinn. Dat geet aus engem Bericht am “Wall Street Journal” ervir. Fir dat anert Joer hält d’Pharmaentreprise awer weiderhin dru fest, iwwert eng Milliard Dosisse wëllen ze liwweren.

E Mataarbechter bei Biontech huet erkläert, d’Qualitéit vum Aussgangsstoff wier net genügend gewiescht. Fréier Chargen hätten net dem Standard entsprach. Dee Problem wier behuewe ginn, ma et wier ee mat der Produktioun net sou séier virukomm, wéi ee sech dat virgestallt hat.

Des weidere géifen d’Resultater vu klineschen Etüde méi laang brauche wéi geplangt.

Eng gutt Noriicht: D’Modifikatioun um Verfare fir de Produit wier ofgeschloss an d’Impfdosisse kéinte méi séier produzéiert ginn.

Besser Nouvellë vum Pharmakonzern Moderna

Deen huet matgedeelt, datt säi Vaccin géint Covid-19, de Potential hätt, iwwert eng méi laang Zäit immun ze maachen.
Leit, déi bei enger vun de fréie klineschen Etüde matgemaach hätten, hätten och nach 3 Méint nom éischte Vaccin, respektiv zwee Méint nom zweeten nach héich Wäerter vun Antikierper am Blutt gehat.

Donieft ginn Experten dovunner aus, datt den Immunsystem vun deene Leit, déi sech impfe gelooss hunn, bei engem méi spéide Kontakt mat Coronaviren nei Antikierper produzéiert. Klinesch Etüde confirméieren, datt dee Vaccin a 94 Prozent vun de Fäll wierkt.

Moderna wëll bis Enn dës Mounts nach 20 Milliounen Dosissen an dann an den éischten 3 Méint d’nächst Joer nach eng Kéier 100 bis 125 Milliounen Dosisse produzéieren. De Gros dovunner ass fir den amerikanesche Marché. US-Bierger sollen tëschent 85 an 100 Millioune Stéck kréien.

Moderna hat e Méindeg eng Demande gemaach, fir an den USA an an Europa zougelooss ze ginn. D’Pharmaentreprise huet mat der EU-Kommissioun ofgemaach, datt am Fall vun enger Zouloossung, an enger éischter Phas 80 Millioune Vaccinen un d’Memberlänner ginn.

Back to Top
CIM LOGO