Nodeems e Freideg Owend an den USA dausenden Akten vum Jeffrey Epstein verëffentlecht goufen, werfen d’Demokraten dem Justizministère vir, eng ganz bestëmmt Datei einfach geläscht ze hunn. Nodeems d’Dokumenter op der Websäit vum Ministère eropgelueden goufen, wier net manner wéi 24 Stonnen duerno, eng Datei verschwonnen, sou de Reproche. An där Datei wieren eng Rei Fotoe gewiescht. Eng dovun hätt den Trump a Begleedung vum verstuerwenen Jeffrey Epstein gewisen.
De Milliardär a Finanzberoder Epstein huet jorelaang e Mëssbrauch-Reseau bedriwwen an huet selwer och mannerjäreg Meedercher a Fraen mëssbraucht, iert hie se dann un aner prominent Männer weider gereecht huet. De Skandal ronderëm hien zitt zanter Joren weit Kreesser a vill bekannt Perséinlechkeeten wéi de Michael Jackson, de Bill Gates a virop de Bill Clinton dauchen op Fotoen mat him op.
Och den aktuelle President Donald Trump war een enke Bekannte vum Epstein. Bis ewell konnt awer kee Feelverhalen vum Trump an deem Dossier nogewisen ginn. Den Jeffrey Epstein war 2019 dout a senger Prisongszell fonnt ginn. Iwwert déi genee Ëmstänn vu sengem Doud, déi offiziell Erklärung ass Selbstmord, gëtt zënterhier deels kontrovers diskutéiert.