Parteiiwwergräifend ProtesterUS-Regierung verpasst Delai fir d'Publikatioun vun Epstein-Akten, Kritik léisst net op sech waarden

AFP, iwwersat vun RTL
David Winter
D'US-Regierung huet de gesetzlech virgeschriwwenen Delai verpasst, fir d'Akte vum an iwwert de verstuerwenen Jeffrey Epstein komplett ze publizéieren.
© MANDEL NGAN/AFP

De Justizministère huet e Freideg den Owend eiser Zäit nëmmen en Deel vun den Dokumenter fräiginn, vill dovunner, de Gros, ass awer geschwäerzt. Déi oppositionell Demokraten hunn der Regierung vum US-President Donald Trump e “Brieche vum Gesetz” a “Vertuschung” virgehäit a préiwen elo juristesch Schrëtt. Ma Kritik koum och aus dem eegene Lager vum Donald Trump.

© HANDOUT / US DEPARTMENT OF JUSTICE / AFP

De Kongress hat d’Regierung mat engem Transparenzgesetz mam Stéchdag vun dësem Freideg dozou verflicht, sou gutt wéi alleguerten d’Akten vun der Casa “Epstein” ze publizéieren. De Finanzberoder Jeffrey Epstein, dee bis an déi héchste Kreesser vernetzt war, gouf jo am Joer 2019 dout a senger Zell am Prisong fonnt. Dem Milliardär gouf virgehäit, Meedercher a Fraen mëssbraucht an u Prominenter weidergereecht ze hunn.

De Justizministère huet elo eng éischt Partie mat honnertdausenden Dokumenter fräiginn. Dozou gehéiert en Adressbuch, an deem den Donald Trump, wou wéi ganz vill aner Promintenter opgelëscht sinn. Praktesch alleguerten d’Informatiounen an dësem Dokument goufen awer geschwäerzt. Weem d’Buch genee gehéiert, ass onkloer. Ma och ganz vill aner Texter, Fotoen an Dokumenter goufe geschwäerzt: Sou gouf zum Beispill eng Lëscht mat 254 “Masseusen” als “Schutz virun den Affer” onkenntlech gemaach. D’Geriichtsdokument, dat eleng 119 Säiten déck ass, gouf och, ouni Grënn ze nennen, geschwäerzt.

© HANDOUT/AFP

Fotoen, déi nei publizéiert goufen, weise ënnert anerem den fréiere President Bill Clinton an de verstuerwene Popstar Michael Jackson. Op engem vun de Biller gesäit een, wéi de Bill Clinton an engem Whirpool relaxéiert, op engem aneren schwëmmt hien niewent enger Fra mat donkelen Hoer, warscheinlech dem Epstein seng Komplizin, d’Ghislaine Maxwell. Den Donald Trump hat an deem Fall och Ermëttlunge géint de Bill Clinton an aner Demokraten ungestouss.

De Vize-Justizminister Todd Blanche huet dem Sender Fox News géigeniwwer gesot, dass honnertdausende weider Akte géife publizéiert ginn, ma réischt an den nächste Wochen. De Verstouss géint d’Frist déi an sech gëllt, huet hie mat de villen Akten an dem Schutz vun den Affer erkläert. De Ministère géif all eenzelt Dokument préiwen a “sécherstellen, dass all betraffe Persoun, also hire Numm, hier Identitéit, hier Geschicht, souwäit et méiglech ass, komplett geschützt gëtt”, huet hien ënnerstrach.

© MANDEL NGAN/AFP

Kritik säitens den Demokraten huet net laang op sech waarde gelooss

Säitens der Demokratescher Partei an den USA koum schaarf Kritik um Modus Operandi vun der Regierung. D’Leader vun den Demokraten am Senat, den Chuck Schummer, huet erkläert, dass dat Ganzt “soss näischt, wéi eng Vertuschung wuer, fir den Donald Trump viru senger ellener Vergaangenheet ze protegéieren.” Den Donald Trump dogéint behaapt, dass hie keng enk Bezéiung mam Jeffrey Epstein hat. Allerdéngs deite publizéiert Fotoen an Dokumenter op de Géigendeel hin. Den US-President war méintlaang géint d’Publikatioun vun den Akte, huet d’Affär Epstein souguer als “Bedruch” bezeechent.

Demokratesch Deputéierter am Representantenhaus préiwen elo “all rechtlech Optioune géint de Verstouss vum Gesetz”, wéi Parlamentarier aus Justiz- an Opsiichtskommissioune matdeelen. “Déi Iwwerliewend vun dësem Albdram verdénge Gerechtegkeet, déi Involvéiert musse sech rechtfäerdegen an dat amerikanescht Vollek huet en Usprooch op vollstänneg Transparenz”, gouf säitens de Partei betount. Sanktioune bei engem Verstouss géint den Delai vun der Publikatioun si laut Gesetz iwweregens net offiziell virgesinn.

Ma awer och aus der eegener Partei koum deels hefteg Kritik. D’Republikaner haten am Kongress jo fir e Fräigi vun den Epstein-Akten gestëmmt. Deputéierter wéi den Thomas Massie oder Marjorie Taylor Greene hu sech enttäuscht iwwert déi eege Regierung gewisen. “Mäi Gott, wat steet an den Epstein-Akten”, sou d’Taylor Greene op X. “Gitt all d’Akte fräi, dat ass wuertwiertlech d’Gesetz.”

Am Trump sengem eegene “Maga"-Lager (Make America Great Again), gëtt et schonn zënter Joren ëmmer méi haart Stëmmen no enger vollstänneger Fräigab vun den Akten. Spekuléiert gëtt iwwert eng Lëscht vun aflossräiche “Clienten” vum Epstein, déi vun interesséierte Kreesser geheim gehale gëtt. D’Justizminister vum Trump, d’Pam Bondi hat an sech d’Fräigab vun dëser Lëscht an Aussiicht gestallt, ma am Summer gouf dunn awer op eemol d’Existenz vu sou engem Dokument bestridden.

Als Reaktioun do drop huet de Kongress dunn am Hierscht mat grousser Majoritéit fir eng Transparenzgesetz gestëmmt. Ausname sinn Dokumenter, déi a lafenden Ermëttlungen agesat ginn oder Ënnerlagen, déi déi national Sécherheet vum Land beanträchtege kéinten. Den stellvertriedende Justizminister Todd Blanche huet d’Hoffnung op nei Erkenntnisser vun den Epstein Affer allerdéngs scho gebremst. “Nom Stand elo ginn et keng nei Ukloen, awer mir ermëttelen nach”, sou de Blanche weider.

D’Demokraten haten an de leschte Woche schonn eng Partie Fotoen aus dem Epstein senger Sammlung publizéiert gehat. Dës Fotoe weisen ënnert anerem dem Trump säi fréiere Beroder Steve Bannon, de Regisseur Woody Allen an de Microsoft-Grënner Bill Gates. Dass dës Leit sech op de Fotoen net korrekt verhalen hunn, ass hei net ze erkennen.

Hei geet et op den offizielle Site vum Justizministère, mat allen Dokumenter, déi bis ewell publizéiert goufen:

Weider Artikelen zu dësem Thema:





Back to Top
CIM LOGO