47 Deeg Krich an der Ukrain"Kee Frëndschaftsbesuch, mir hunn direkt, oppen an haart matenee geschwat"

Petz Bartz
Dat sot den éisträichesche Kanzler Karl Nehammer an enger éischter Reaktioun no senger Visitt beim Vladimir Putin zu Moskau.
47 Deeg Krich an der Ukrain
An der Ukrain selwer stellt ee sech iwwerdeems op massiv russesch Attacken am Oste vum Land an.

Hien ass deen éischte westleche Regierungschef, deen de russesche President zanter dem Ufank vum Krich an der Ukrain gesinn huet. Éisträich ass kee NATO-Member, verlaangt awer humanitär Korridoren an der Ukrain, eng Wafferou an den Nehammer hätt och méiglech Krichsverbriechen wéi dat vu Bucha mam Putin ugeschwat, déi deen awer zréckweist.

An der Ukrain selwer stellt een sech iwwerdeems op massiv russesch Attacken am Osten vum Land an.

A senger Usprooch all Nuecht huet den ukrainesche President Volodymyr Zelenskyi gewarnt, dass d’Woch kruzial géif ginn. Ob een eng massiv russesch Offensiv am Oste vum Land ka briechen, hänkt eenzeg dovun of, wéi vill Waffen de Weste liwwert.

Och Mariupol um Asov-Mier, wou den Theater bombardéiert gouf an deem Honnerten Ziviliste sech a Sécherheet bruecht haten, gëtt weiderhi vum ukrainesche Militär gehalen. E Post op Facebook vun engem Militär, an deem stoung, dass hinne géif d’Munitioun ausgoen, huet sech als russesche Fake respektiv Wonschdenken erausgestallt.

Mat héijer Vitesse war en Zuch ënnerwee aus dem Osten an Direktioun Lviv, an de séchere Weste vum Land. D’Hëllefsorganisatioun Médecins sans Frontières huet den Transport vu Schwéierverwonnten organiséiert – eraus aus der Kampfzon. 47 Patiente sinn um Zuch – Leit, déi op Minne getrëppelt sinn a Been oder Äerm verluer hunn oder Noutamputatiounen hannert sech hunn an elo op medezinesch Hëllef ugewise sinn, déi an den zerbommte Spideeler am Oste net méi ka garantéiert ginn.

Russland wäert keng Wafferou plangen, fir Friddensgespréicher ze féieren, sot zu Moskau de russeschen Ausseminister Sergei Lavrov.

An dat hei si Biller vum Duerf Yakovlivka, enger klenger Communautéit baussent der zweetgréisster ukrainescher Stad Kharkiv, am Nordoste vum Land, 85km vun enger Front. Zanter dem Ufank vum Krich sinn an der Uertschaft 4 Zivilisten ëm d’Liewe komm an 11 goufen der verwonnt, dorënner och Kanner.

An trotz aller Ongewëssheet wat d’Zukunft bréngt, fueren d’Baueren eraus fir Kar ze séien op deene Stécker, déi net verminnt sinn.

Ob een awer jeemools kann an de Karschnatz goen, weess nach keen.

D’Hannergrënn iwwert de Krich an der Ukrain kuerz erkläert

Back to Top
CIM LOGO