FrankräichKeng "Abayas" méi an de Schoulen

RTL Lëtzebuerg
De Fischi um Kapp ass an de Schoulen a Frankräich scho verbueden. Elo wëll de franséischen Educatiounsminister Attal och d’Abayas verbidden.
© AFP

Dat si laang a lëfteg Räck.

Dat Kleedungsstéck, dat bei de Mosleme ganz beléift ass, wier e “reliéise Gest” an deemno an de Schoulen net méi erlaabt, argumentéiert de Minister.

Wann een an e Klassesall era kënnt, dierft een net gesinn, wéi eng Relioun een huet.

Frankräich versteet sech als laizistescht Land, wou eng strikt Trennung tëscht Staat a Relioun gemaach gëtt.

Back to Top
CIM LOGO