
Fir de Start vun der Fuesent zu Köln, also traditionell den 11. November um 11:11 Auer, wäerten et keng ëffentlech Festivitéite vun de Veräiner ginn. Dat huet de sougenannte “Ronnen Dësch” mat Vertrieder vun der Stad Köln, de Festkommitee, d’Police an d’Gastronomie decidéiert. D’Stad Köln wëll wéinst der Corona-Kris och keng Partyen oder Feierméiglechkeeten op ëffentleche Plazen oder Stroossen zouloossen.
Weider betount d’Buergermeeschtesch Henriette Reker, dass et sech net géif lounen den 11. November op Köln ze kommen, den Dag selwer wier nämlech anescht wéi soss en normale Schaffdag.
Sollt et dann dach zu ëffentleche Versammlunge vu Leit kommen deen Dag, géif d’Police dës nees opléisen, heescht et weider an de regionale Medien. Gespréicher lafen, fir Visitten a Wirtschaften deen Dag just mat Reservatioun z’akzeptéieren, Supermarchéen a Geschäfter sollen deen Dag keen Alkohol eraus ginn.