An der Aiguille du Midi goufen dës Woch a 3.842 Meter Héicht 10,4 Grad gemooss.
D’Experten si sech eens: A 40 Joer gëtt et keng Gletscher méi. Vum Südtiroul, iwwer d’Éisträichesch Ost-Alpen, bis erof an d’Pyrenäen. Vum Gletscher vun den “Oulettes”, op der franséisch-spuenescher Grenz bleift, ënner anerem op 2.150 Meter, kaum nach eppes iwwreg. Amplaz vum Äis dominéiert elo hei d’Steng-Wüüst.
Radikalen Zeene-Wiessel. Vum europäesche Gletscher eriwwer a Florida, ënner Waasser.
Dëse Mount gouf an enger Bucht, südlech vu Miami, eng Waassertemperatur vun 38 Grad gemooss. Also wéi an engem Jacuzzi. D’Konsequenzen sinn dramatesch. D’Koralle sinn wäiss, ofgestuerwen.
“Fir eis Koralleriffer bedeit dat, datt se ënner héijem Stress sinn. Si fänken u wäiss ze ginn. Plazeweis stierwen se massiv aus”, esou den Alex Neufeld vun der Coral Restoration Foundation.
Dëse Summer hunn d’Temperature vun de Weltmierer en neien, traurege Rekord erreecht: 21,1 Grad ginn zanter zwou Woche gemooss. E Wäert, wéi en déi lescht 40 Joer nach ni erreecht gouf.