ÉisträichKeng Indicë fir Preparatioun vun Attentat zu Lëtzebuerg, sou de Parquet

RTL Lëtzebuerg
De Parquet mellt sech Punkto geplangtent Terrorattentat zu Lëtzebuerg ze Wuert an ënnersträicht, datt et keng Indicen an deem Sënn géife ginn.
© Krone

D’Lëtzebuerger Autoritéite wieren awer am Kontakt mat den éisträichesche Kollegen, fir de Suivi vum Dossier, am Fall vun eventuelle Verbindunge mat Lëtzebuerg, déi nach an der Enquête géife gemaach ginn.

Hei dat offiziellt Schreiwes:

Communiqué de presse du parquet de Luxembourg relatif à des arrestations en Autriche et à un possible attentat terroriste à Luxembourg

(17.12.2019)

Suite à différents articles parus dans la presse autrichienne et internationale faisant état de l’arrestation de trois personnes suspectées d’avoir préparé des attentats en Autriche, Allemagne, France et au Luxembourg, le parquet de Luxembourg tient à souligner qu’il n’existe pas d’indices quant à la préparation d’un tel attentat à Luxembourg.

Les autorités judiciaires luxembourgeoises sont néanmoins en contact étroit avec leurs collègues autrichiens pour assurer le suivi du dossier pour autant que d‘éventuels liens avec le Luxembourg seraient identifiés sur base de prétendues déclarations des personnes arrêtées ou sur base d’autres éléments.

Wat war d’Nouvelle um Méindeg?

Aus Éisträich koum e Méindeg den Owend d’Meldung, dass zwee Männer festgeholl goufen, déi tëscht Chrëschtdag a Silvester Terroruschléi an europäeschen Stied geplangt hätten.

Presuméiert Terroruschléi - Reportage vum Monica Camposeo

Et soll sech ëm eng tschetschenesch Gruppéierung handelen, déi nieft Wien, Salzburg, a verschiddenen Ziler a Frankräich an an Däitschland, och Attacken zu Lëtzebuerg evoquéiert hätten. Dat hunn e Méindeg verschidden éisträichesch Medien gemellt.
Schonns Ufank leschter Woch wieren déi Zwee zu Wien festgeholl ginn. Si solle Kontakter gehat hunn mat engem drëtte Mann, deen als Fanatiker vum Islamesche Staat gëllt.

Op eis Nofro hin, sot eis den Affekot vun engem vun den Inculpéierten, dass d’Reproche géint säi Mandant un den Hoer erbäi gezu wieren. En anonymmen Zeie wéilt sech duerch verschidden Aussoen Avantagen am Prisong erhoffen. Et géif absolut keng Unzeechen ginn, dass säi Mandant Terror-Uschléi geplangt hätt.

Back to Top
CIM LOGO