
A Frankräich fält d’Maskeflicht am ëffentlechen Transport ewech, dat vun e Méindeg un. Dat huet de Gesondheetsminister Olivier Véran matgedeelt. Betraff sinn d’Metro, de Bus, den Zuch, de Fliger an den Taxi.
Zu Lëtzebuerg besteet d’Maskeflicht am ëffentlechen Transport jo nach. Den Direkter vun der Santé Dr Jean-Claude Schmit hat de Weekend op RTL wësse gedoen, datt een och zu Lëtzebuerg kéint driwwer nodenken, datt dës Mesure ewechfält.