Vum 8. November un an DäitschlandKeng Quarantän-Flicht fir Lëtzebuerger bei Openthalt vu manner wéi 24 Stonnen

RTL Lëtzebuerg
Fir Persounen, déi aus engem Risikogebitt an Däitschland areesen, solle vum 8. November un nei Quarantän-Reegele gëllen.

Zentrale Punkt vun dëser neier Uerdnung ass eng obligatoresch Quarantän vun 10 Deeg. Dës kann allerdéngs verkierzt ginn, wann déi betraffe Persounen “fréistens nom 5. Dag no der Arees” en negative Corona-Test virleeë kënnen. Sou steet et am Entworf geschriwwen, deen AFP virläit. Bis ewell huet fir Reesender eng Quarantän vu 14 Deeg gegollt.

Net concernéiert vun dëser neier Moossnam sollen Transit-Reesen, Reesen an Nopeschlänner (Openthalt dierf net méi laang wéi 24 Stonne sinn), Visitten aus familiäre Grënn (Dauer vu bis zu 72 Stonnen), Pendler (aus berufflechen oder schoulesche Grënn), wéi och de Wueren- a Persouneverkéier sinn. Ausnamereegelunge sollen et iwwerdeems och fir Saisonsaarbechter, Personal vun der Bundeswehr an aus dem Gesondheetswiesen a fir “héichrangeg Representante vu staatlechen Organer” ginn. Hei ass awer e Sécherheets- an Hygièneskonzept néideg. Sou gesäit et den Entworf vir.

Dës Reegele mussen elo nach vun de Bundeslänner ëmgesat ginn. D’Muster-Veruerdnung soll eng “méiglechst bundeswäit eenheetlech Reegelung” garantéieren, huet de Regierungsspriecher Steffen Seibert zu Berlin gesot. Dat gemeinsaamt Zil vu Bund a Länner wier et, esou gréisser Infektiounsketten duerch Areesen an Däitschland ze verhënneren.

Back to Top
CIM LOGO