
„Keng Zäit fir geopolitesch Konflikter“: sou ass e Bréif iwwertitelt, dee 5 Staatscheffen an der Financial Times publizéiert hunn.
Den däitsche President, de Kinnek vu Jordanien an d’Presidenten vu Singapur, Äthiopien an Ecuador warne virun nationalen Eenzelgäng an der Lutte géint de Coronavirus. Si plädéieren dofir, datt d‘Entwécklung, d’Produktioun an d’Verdeelung vun Traitementer a Vaccine géint de Coronavirus internationaliséiert muss ginn. Déi Approche wier „net nëmmen d’Géigemëttel géint de Virus, mä och géint déi ëmmer méi déif politesch Bréch“.
D’Decisiounen, déi haut getraff ginn, géinge bestëmmen wéi d’Welt muer ausgesäit. Déi 5 Staatscheffen widdersetze sech eegenen Aussoen no deenen, déi mengen d’Welt géing méi aarm a méi kal ginn an d’Leit an d’Natiounen ëmmer méi op Distanz géing goen.