
Si huet sech op e neits hier Géigner virgeknäppt, an nach eemol fir d’Klimaprotester vun e Freideg plädéiert. Wéi d’Leit vläicht géife mierken, wieren déijéineg, déi op Haass aus sinn, sou aktiv wéi ëmmer. Si géife si attackéieren, hiert Ausgesinn, hier Kleeder, hiert Verhalen an hiert anescht sinn, sou déi 16 Joer jonk Greta Thunberg an hirem Post op Twitter.
Si géif et net verstoen, firwat erwuesse Leit hier Zäit léiwer domat verbréngen de Geck ze maache mat Kanner a Jugendlecher, déi op d’Wëssenschaft opmierksam maachen, an des ze menacéieren, amplaz eppes Guddes ze maachen. Et ass den Appell vun där jonker Klimaaktivistin, keng Zäit mat sou Leit ze verschwenden. Et géif ee sech dëse Freideg nees op de Stroosse gesinn.
No der Rekordparticipatioun de leschte Freideg si fir dëse Freideg nees Protester an Dosende vu Länner geplangt. Ronn 4 Millioune Leit waren no Estimatioune vun der Beweegung Fridays for Future d’lescht Woch op d’Stroosse gaangen.