
Bannent engem Dag goufen eppes méi wéi 4.700 Neiinfektioune gemellt. Mëtt der Woch waren et der nach 2.800.
Um Samschdeg de Moien ass et dann och d’Annonce, dass Köln de Seuil vu 50 Neiinfektioune pro 100.000 Awunner bannent 7 Deeg passéiert huet. Dowéinst dierf dann elo nuets am ëffentleche Raum keen Alkohol méi gedronk ginn an an de Foussgängerzone gëllt eng Maskeflicht.
Wéi eng Mesuren an esou engem Fall geholl ginn, hänkt vun de Bundeslänner of. A genau doru stéieren sech ëmmer méi Leit. Experte fäerten, dass déi an hiren Ae sënnlos Mesuren, wéi Reesrestriktiounen, dozou féieren, dass d’Leit och déi effikass Mesuren ëmmer manner akzeptéieren. Wierklech Risike wieren traditionell Familljefester, Fleeschproduktioun, oder onkontrolléiert Feieren.
Och de Virolog Christian Drosten ass iwwerzeegt, dass et geschwënn misst eenheetlech Reegele fir ganz Däitschland ginn.
Problemer mat dësen ënnerschiddleche Mesuren huet virop den Tourissem. Duerch déi aktuell Situatioun, ginn et eng Partie Annulatiounen, well et a verschiddene Bundeslänner verbueden ass, Gäscht aus Risikogebidder z’empfänken.
