Ermëttler am Flydubai-FallKopilot hat Selbstmordattentat op Fluchhafe vun Tel Aviv geplangt

RTL mat AFP
De Mann aus dem Oman huet géintiwwer den Ermëttler aus de Vereenegten Arabeschen Emirater weider ausgesot, datt hien eleng geschafft huet.
Eng änlech Maschinn vun der Airline Flydubai.
Eng änlech Maschinn vun der Airline Flydubai.
© GIUSEPPE CACACE/AFP

Den 30. September hat e Kopilot vun enger Flydubai-Maschinn, déi ënnerwee op Tel Aviv war, de Pilot vum Fliger mat enger Nout-Aaxt aus dem Cockpit attackéiert a blesséiert. Duerch d'Reagéiere vum blesséierte Pilot awer konnt den Ugräifer iwwerwältegt ginn an eng Noutlandung a Saudi-Arabien gouf vun enger zweeter Crew, déi duerch Zoufall u Bord war, duerchgefouert.

Géintiwwer den Ermëttler huet de Kopilot zouginn, datt hien e Selbstmordattentat op de Fluchhafe Ben Gurion zu Tel Aviv geplangt hat.

Inspiréiert hätt sech de Mann aus dem Oman un den Attentater vum 11. September. Hien "huet och zouginn, eleng agéiert ze hunn, ouni datt eng aner Persoun mat implizéiert gewiescht wier", esou de Procureur général Hamad Saif Al Shamsi an engem Schreiwes. Hien huet awer och drop higewisen, datt d'Ermëttlunge solle weisen, op de Verdächtegen d'Wourecht gesot huet.

D'Ermëttler hu sech dann och d'Pabeieren an d'Tester ugekuckt, déi de Mann huet misste ofginn respektiv maachen, fir bei Flydubai agestallt ze ginn. "Keng vun de Prozeduren huet drop higewisen oder en Indice zu sengem extremisteschen Usiichte respektiv senger Intentioun, eng Terrorattack duerchzeféieren, ginn", esou d'Ermëttler weider.


Weider Sujeten zum Thema

Back to Top
CIM LOGO