
Tëschefall op engem Vol vun der Fluchgesellschaft "Flydubai", vun Dubai Direktioun Tel Aviv. Wéinst engem Incident gouf de Fliger op en anere Fluchhafen a Saudi-Arabien ëmgeleet. Israeelesche Medien no géif gepréift ginn, ob ee vun de Pilote versicht hätt, de Fliger ofstierzen ze loossen. Meldungen, datt israeelesch Kampfjette gestart waren, fir d'Maschinn z'eskortéieren, si spéider dementéiert ginn.

Ugangs hat et geheescht, de russesche Pilot an den ukrainesche Co-Pilot wieren uneneegeroden an hätte sech zerklappt, wouduercher e Noutsignal ausgeléist gi war. Déi Meldung ass vum russesche Generalkonsulat zu Dubai dementéiert ginn. Si hätte vun der Airline d'Informatioun kritt, datt kee russesche Staatsbierger u Bord war.
Israeelesch Medie wëlle wëssen, dass d'Piloten aus dem Oman an aus den Emirater gewiescht wieren. Passagéier hunn no der Landung ausgesot, ee Pilot hätt versicht, deen anere mat engem Messer ëmzebréngen. Mat der Hëllef vun enger Rei Leit hätt den Ugräifer kënnen immobiliséiert ginn. Zwee aner Piloten, déi och u Bord waren, hätten d'Maschinn duerno a Saudi-Arabien noutgelant. De Co-Pilot aus dem Oman géing a Saudi-Arabien befrot ginn, heescht et weider aus Israel. Ob hien d'Maschinn wollt ofstierze loossen, ass aktuell net confirméiert.
D'Méiglechkeet vun enger Entféierung vum Vol FZ 1073 huet sech net confirméiert. De Pilot an den éischten Offizéier wieren no der Landung um Fluchhafen Tabuk blesséiert an e Spidol komm, housch et vun de Bedreiwer vum saudesche Fluchhafen, ee vun hinnen hätt am Cockpit d'Bewosstsi verluer gehat. Den Donnéeë vu Flightradar no huet de Fliger bannent enger Minutt ronn 17.000 Fouss un Héicht verluer. Dat deckt sech mat Aussoen, Passagéier hätte gefaart, d'Maschinn géing ofstierzen.

De ronn 180 Passagéier, déi no der Landung ugewise waren, sëtzen ze bleiwen an d'Boeing 737 Max 8 net ze verloossen, géif et gutt goen. Meldunge vun engem Terroralarm goufen nees zeréck geholl. Den Tëschefall suergt fir Opreegung an der ugespaanter Atmosphäre vum Noost-Konflikt. Dem israeelesche Sécherheetsminister Itamar Ben Gvir no hätt en "Terrorist" versicht, déi 180 Israeelien u Bord vun der Maschinn z'ermuerden.