"Ech konnt d'Leit net alleguerte stierwe loossen"Flydubai-Pilot erzielt fir d'éischte Kéier vun der Attack am Cockpit

RTL Lëtzebuerg
De Pilot vum Flydubai-Fluch vun Dubai op Tel Aviv huet zwee Deeg no der Attack duerch säi Co-Pilot fir d'éischte Kéier iwwer den Tëschefall geschwat.

De Kapitän Smit Machchhar gouf e Mëttwoch am Cockpit mat engem Messer schwéier blesséiert. Hie gëtt aktuell an engem Spidol zu Abu Dhabi behandelt.

An engem Video-Appell mam indesche Premier Narendra Modi sot de Pilot, hien hätt no der Attack ëm säi Liewe gekämpft. Hien hätt um Buedem geleeën a vill Wonne gehat. Gläichzäiteg wier him bewosst gewiescht, datt hie misst erëm opstoen, fir d'Liewe vun de Passagéier ze retten. Trotz senge Blessuren huet de Kapitän et fäerdegbruecht, d'Cockpit-Dier opzemaachen. Passagéier konnten doropshin an de Cockpit kommen an den Ugräifer iwwerwältegen.

Eng aner Crew, déi u Bord war, huet d'Kontroll iwwer de Fliger iwwerholl. D'Maschinn konnt schliisslech am saudi-arabeschen Tabuk eng Noutlandung maachen. U Bord waren 174 Leit, déi meescht dovunner waren Israeelien.

Politiker hunn de Kapitän dofir gelueft, eng méiglech Katastroph verhënnert ze hunn. Den Narendra Modi huet hie souguer als Held bezeechent. D'Leit aus sengem Quartier sinn och ganz houfreg op de Smit Machchhar.

Den israeleesche Regierungschef Benjamin Netanjahu huet dem Co-Pilot eng islamistesch Gesënnung zougeschriwwen. Ob den Iran eng Roll gespillt huet, ass bis elo net gekläert.

Back to Top
CIM LOGO