
Dräi Deeg nom Incident um Vol vu Flydubai vun Dubai op Tel Aviv, hunn d'Autoritéiten elo weider Detailer bekannt ginn. De Co-Pilot aus dem Oman, deen de Kapitän wärend dem Vol soll ugegraff a blesséiert hunn, hätt en "Terrorakt" geplangt. Hien hätt de Pilot mat der Nout-Aaxt aus dem Cockpit attackéiert, heescht et um Samschdeg.
Medieberichter no hätt hien a sengem Hierkonftsland aus Sécherheetsbedenken och net méi dierfe fléien. D'Autoritéiten am Oman hätten de Verdacht gehat, datt de Mann sech wärend engem Openthalt a Syrien radikaliséiert hätt.
Nodeems en net méi fir déi national Airline Oman Air konnt fléien an och net bei Emirates ugeholl gi wier, hätt e bei der Fluchgesellschaft Flydubai ugefaangen.