RusslandKreditkaarten-Kris méi schlëmm wéi ugeholl - China hëlleft net

RTL Lëtzebuerg
Russland kann de Verloscht vu Visa a Mastercard Medieberichter no net mam Wiessel zur chinesescher Kreditkaart UnionPay ausgläichen.
© AFP

Auslännesch Internetgeschäfter blockéieren d’Paiementer vun alle russesche Kreditkaarten, och déi vu UnionPay. Vill Bierger haten no der Ofschaltung vu Visa a Mastercard a Russland gehofft, mat Kaarte vu chinesesche Banke bezuelen ze kënnen.

Der Dageszeitung “Kommersant” no gëtt et a ganz Russland eng 500.000 Kreditkaarte vu UnionPay. Domat hat sech déi Zuel bannent engem Mount verzéngfacht. De gréissten Deel dovunner war geduecht, fir um Internet kënnen domat ze bezuelen, ma genee dat geet elo net, well déi meescht Online-Händler Kaarten aus Russland net méi akzeptéieren.

Theoretesch kéint UnionPay de Problem behiewen, ma bis elo hätt et vu Säite vu China keng Efforten an déi Richtung ginn.

Back to Top
CIM LOGO