KlimaaktivismusKritik vu Greenpeace: G7-Länner investéieren ze wéineg an erneierbar Energien

RTL Lëtzebuerg
D'G7-Staate géingen am Schnëtt genee sou vill Suen a klimaschiedlech Brennstoffer wéi an den Ausbau vun erneierbaren Energien investéieren.

Virum Optakt vum G7-Sommet Bayern hunn eng Partie Net-Regierungsorganisatioune Fuerderungen un déi grouss westlech Industriestaaten adresséiert. D’Ëmweltorganisatioun Greenpeace zum Beispill huet d’G7-Staaten opgefuerdert, de globale Kampf géint de Klimawandel an den Zentrum vun de Berodungen ze stellen. D’G7 investéieren am Schnëtt genee sou vill Suen a klimaschiedlech Brennstoffer wéi Kuel, Pëtrol a Gas, wéi an den Ausbau vun erneierbaren Energien, kritiséiert Greenpeace a berifft sech op eng Etüd vun der New Economics Foundatioun (NEF).

Et kann net sinn, dass räich Industriestaate weiderhin enorm Zommen an Energie stiechen, déi all eis Liewensgrondlagen zerstéieren.(Jonas Ott, Greenpeace)

Fir d'1,5-Grad-Zil z’erreechen, missten all Mëttelen an den Ausbau vun erneierbaren Energië fléissen an net weiderhi fossil Brennstoffer gefërdert ginn, ënnersträicht Greenpeace. Zu den erneierbaren Energien zielen zum Beispill Sonnen- a Wandenergie, wéi och Waasserkraaft.

E Samschdeg sinn am Kader vum G7-Sommet Protester geplangt. Et gi sech iwwer 20.000 Demonstranten an der bayrescher Haaptstad erwaart, an der Mëttesstonn e Samschdeg ware schonn eng 3.500 Leit op der Plaz.

Back to Top
CIM LOGO