Tëscht Europa an AsienLängst Hänkbréck vun der Welt gouf ageweit

RTL Lëtzebuerg
Mat engem mëttleren "Spann" vun 2023 Meter iwwertrëfft d'"Canakkale-Bréck 1915" d'"Akashi-Kaikyo-Bréck", de fréiere Rekordmeeschter aus Japan.
© AFP

4,6 Kilometer ass déi längst Hänkbréck vun der Welt laang, déi iwwert der Mierengt tëscht Europa an Asien (Dardanellen) gebaut gouf. De Projet huet am Ganzen 2,5 Milliarden Euro kascht.

Den Numm vun der Bréck erënnert un d’Victoire vun den Osmanen iwwert d’Alliéiert an der Schluecht vu Gallipoli den 18. Mäerz. Ageweit gouf d’Hänkbréck um 107. Joresdag vun der Victoire, fir “d’Erënnerung un d’Märtyrer vu Canakkale oprecht ze erhalen”, sou de President Erdogan.

Dës Mierengt ass op hirer enkster Plaz just 1,2 Kilometer breet. De Bau vun der “Canakkale-Bréck 1915" ass ee vun enger Partie ambitiéise Bau- an Infrastruktur-Projete vum Staatschef Erdogan ronderëm Istanbul. Dozou zielen och den Tunnel ënnert der Mierengt Bosporus an de grousse Fluchhafe vun Istanbul. Säi bis ewell éiergäizegste Mammutprojet ass de 45 Kilometer laangen Istanbul-Kanal, dee parallel zum Bosporus verlafe soll.

Back to Top
CIM LOGO