
Zu Frankfurt ass um Sonndeg en A380 vu Lufthansa gelant. U Bord ware 459 Passagéier a 24 Membere vun der Crew. 50 Leit hätten nach méi eragepasst. De Fliger koum aus Bangkok an hat Leit u Bord, déi laang op e Fluch zeréck an Europa misst waarden. Et kéint duerchaus méiglech sinn, datt dëst de leschte Fluch mat Lufthansa mat esou enger Maschinn war.
Aus Käschtegrënn hat déi däitsch Entreprise scho virun der Corona-Pandemie annoncéiert, datt een an Zukunft wéilt op de gréisste Persounefliger um Maart verzichten.
Vun 2022 u wäert Airbus da 6 vun de 14 A380, déi Lufthansa besëtzt, zeréckhuelen. Aktuell stinn dës Maschinnen alleguerten zu Frankfurt oder München um Flughafen.
