Presidentiellen a FrankräichLeschte Stand virum éischten Tour e Sonndeg

Pierre Jans
Jeannot Ries
A Frankräich gëtt e Sonnden gewielt. Et ass den éischten Tour vun de Presidentiellen. D‘Walcampagne goung e Freideg op en Enn.
Franséisch Walen J-2 : Et gëtt nach emol enk
De franséische Walkampf gëtt, zwee Deeg virum éischten Tour, nees iwwerraschend spannend.

Vun Hallefnuecht un, si Meetingen an Interviewe fir d‘Kandidatinnen a Kandidate verbueden. Och Sondagen an Previsiounen si verbuede bis déi éischt Resultater e Sonnden den Owend no 8 Auer.

Muer ass een Dag Paus. D’Wieler sollen sech hire Choix a Rou duerch de Kapp goe loosse kënnen. De Pierre Jans mécht de Point vum leschten Dag vum Walkampf.

Den aktuelle Locataire am Elysée huet an de leschte Sondagen nach ëmmer d‘Nues vir. Déi riets Kandidatin Marine Le Pen huet awer weider opgeholl a kënnt an der Ëmfro vun der Agence BVA fir RTL op 23 Prozent am éischten Tour. E plus vun 2 Prozentpunkten. Den Emmanuel Macron géif ee verléieren an sech bei 26 Prozent stabiliséieren. Angscht ze verléieren hätt hien awer net, wéi hien an der Matinale bei eise franséische Kolleege sot: „Je suis porté par un esprit de conquête plutôt que l’esprit de défaite.“

Anescht ewéi seng Géigner huet de President net vill Walkampf uechter Frankräich gemaach. Den heefeg expriméierte Reproche, hien hätt sech net genuch dru ginn, léist hien net gëllen. Ëmmerhin hat hie mat der Gestioun vun der Pandemie an dem Krich an der Ukrain genuch ze dinn: „Quand on prend la décision de devoir confiner, du passe sanitaire, évidemment, que ça isole, mais je n‘ai jamais cessé d’être au contact des Français”.

No sengem Interview bei RTL zu Paräis, war den Emmanuel Macron nach op e Maart de Bols fillen. Anscheinend spontan.

D‘Walcampagne vum Jean-Luc Mélenchon vun der lénker Partei La France insoumise war intensiv an no bei de Leit. Säi Walprogramm gëllt als detailléiert a koherent. Dat huet Friichte gedroen. Hie kënnt an den Ëmfroen op 16, 17 Prozent an hofft, dass d‘Fransousen d‘Gauche nach an de zweeten Tour wielen.

Déi lénk Politikerin Christiane Taubira, déi selwer kuerz Kandidatin war, huet haut souguer dozou opgeruff.

Dann hätt virun allem eng Fra schlecht Laun an zwar d‘Marine Le Pen. Si geet fest dovun aus, dass si an zwou Wochen an der Stéchwal géint de Macron steet.

Fir si war den nach méi rietse Kandidat Eric Zemmour Fluch a Seegen. Op der enger Säit goufen hir deels diskriminatoresch Aussoe salonsfäeg, well dem Zemmour seng nach méi extrem sinn. Op der anerer huet hien hir awer och Wieler geklaut. Am zweeten Tour hätt se déi awer nees zeréck.

Dem Zemmour seng rietsextrem Iddien hunn zwar Geheier fonnt, mat 9 Prozent huet hien awer keng Chance President ze ginn. Grad ewéi déi konservativ Valérie Pécresse mat engem änleche Score bei de Sondagen.

Traditionell gi bei Presidentiellen a Frankräich vill Stëmmen net verginn. Dem Institut Odoxa no gi 27,4 Prozent vun de Fransousen net wielen e Sonndeg. Bei hirem Meeting gëscht zu Perpignan hat d‘Marine Le Pen nach probéiert Onzefriddener no rieds bei sech ze zéien: „Redevenez citoyens. À la Présidentielle on ne s‘abstient pas! Reprenez le contrôle!“

Déi méiglech Finall Le Pen géint Macron gëtt den Ëmfroen no ëmmer méi knapps. Do wäert et och dovun ofhänken, op wien d‘Kandidaten déi aus der Course sinn, hir Stammwieler astëmmen.

De Jean-Luc Mélenchon huet decidéiert hie géif sech allemol géint d‘Extrème droite ausschwätzen. D‘Valérie Pécresse géif keng Recommandatioun maachen, sot si.

Et gëtt spannend och am zweeten Tour de 24. Abrëll.

Back to Top
CIM LOGO