
Den éischten Ermëttlungen no huet e 27 Joer ale Lëtzebuerger op B419 a Richtung Nittel kuerz viru Rehlingen en Auto iwwerholl an huet dobäi e Gefier iwwersinn, dat aus der anerer Richtung gefuer koum.

Béid Autoe sinn doropshi frontal kollidéiert. De Lëtzebuerger Chauffer, deen dëst Verkéiersongléck provozéiert huet, gouf schwéier blesséiert. D’Automobilistin, déi aus der Richtung Nittel koum, gouf beim Accident och verwonnt. Béid Persoune goufen an d’Spidol zu Tréier bruecht.
D’Strooss tëscht Wëncher an Nittel war wärend annerhallwer Stonn fir den Trafic gespaart.
