No schroem Äerdrutsch am KamerunLëtzebuerger Rout Kräiz mécht een Hëllefsopruff

Christophe Hochard
Et geet drëms, de Mënschen op der Plaz ze hëllefen an hinnen no der Katastroph ënnert d'Äerm ze gräifen.
Am Kamerun gouf et ee schroen Äerdrutsch
Méi wéi 40 Persounen hunn dobäi hiert Liewe verluer, anerer goufe schwéier verwonnt.
Am Kamerun gouf et ee schroen Äerdrutsch
Méi wéi 40 Persounen hunn dobäi hiert Liewe verluer, anerer goufe schwéier verwonnt.

Ugangs der Woch koum et zu engem schroen Äerdrutsch am Kamerun. Getraff huet et eng aarm Regioun, an där honnerte vu Leit hiert Haus verluer hunn. Och Mënscheliewe sinn no dëser Naturkatastroph ze bekloen.

43 Mënschen hunn hiert Liewe bei dësem Äerdrutsch verluer. 13 Persoune goufe blesséiert an eng 900 Leit hu keen Daach méi iwwert dem Kapp. D’Situatioun an dësem Eck, dem Südweste vu Kamerun, ass dramatesch. D’Stad Bafoussam ass am schrooste betraff.

Hëllefe kann ee mat engem Don un d’Lëtzebuerger Rout Kräiz mam Vermierk “Urgence Climatique” op de Kont: IBAN LU52 1111 0000 1111 0000.

Back to Top
CIM LOGO