
Déi brittesch Stad Liverpool geet nees deelweis zeréck an e Lockdown. D’Pubs wäerten och nees zou goen. De Grond sinn d’Zuelen déi an der Regioun reegelrecht explodéieren. D’Reaktioun vu Jonken: eng grouss Party virdru feieren.
Op Biller ass ze gesinn, dass nawell gutt gefeiert gouf, dat natierlech ouni eng virgeschriwwen Distanz ze halen. Et gëtt sech souguer an den Aarm geholl, sou wéi wann et kee Corona-Virus géif ginn.
Et gëtt souguer gemellt, dass vill gréisstendeels jonk Leit sollen deels schlëmm gehouscht hunn, dat ouni eng Mask ze droen. D’Awunner schwätze vu schockanten Zeenen.